Schoul dobaussen

De MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt Léierlab proposéiert ëmmer nees Aktivitéite fir Schoulklassen aus der Minett UNESCO Biosphere, oder fir Klassen aus dem Recht vu Lëtzebuerg, déi de biologeschen, geologeschen an industrie-kulturelle Räichtum vum Süde vu Lëtzebuerg entdecke wëllen.
Hielendéieren

An de verloossene Galerië vum Nationale Minnemusée zu Rëmeleng gi mer zesumme mam Zoolog Alexander Weigand vum Naturmusée op d’Sich nom ënnerierdeschem Liewen.
Mir sichen no Déieren, déi an de Minne liewen a léieren dobäi och wéi d’Eisenäerz vun de Mineuren am leschte Joerhonnert ofgebaut gouf.
Disponibel Datumer:
Dënschdeg, den 12. Mäerz 2024
Donneschdeg, den 21. Mäerz 2024
Public cible:
Klassen aus dem Secondaire
Dauer:
vun 9:00 bis 11:30 Auer
Plaz:
Musée National des Mines
(Rëmeleng)
De Bësch schmaachen
An der Natur entdecken an sammelen mir Kraider an Planzen.
Zesummen mat der Kraiderpedagogin Christiane Laures experimentéieren d‘Kanner fir verschidden Schmaacherliefnisser entstoen ze loossen.
Et ass nach een Datum disponibel:
Mëttwoch, de 24. Abrëll 2024
Public cible:
Kanner aus der Grondschoul
Dauer:
09:00 – 13:30 Auer
Plaz:
Naturschutzzentrum Ellergronn
(Esch-Uelzecht)
Mär entdecken de Fréijoersbësch

Mir gi mat oppenen Aen an Oueren duerch de Fréijoersbësch an entdecken déi villerlee Liewesformen, déi hei virkommen, a wéi se ënnereneen a Bezéiung stinn.
Nieft där naturwëssenschaftlecher Approche sollen dobäi och dat Sënnlecht an dat Spillerescht net ze kuerz kommen.
D’Datumer fir 2024 si leider all ausgebucht!
Public cible:
Kanner aus der Grondschoul
Dauer:
09:00 – 11:00 Auer
Plaz:
Naturschutzzentrum Ellergronn
(Esch-Uelzecht)
Minett INK: eng graphesch Exploratioun vun der Biodiversitéit

Wéi kann een op eng ëmweltfrëndlech a kreativ Manéier Kommunikatiounsmaterial fir d’Promotioun vun der Ëmwelterzéiung entwéckelen?
Workshop mat Risografie, enger japanescher Drockprozedur, bei där Tënt benotzt gëtt, déi just aus Soja, ouni Léisungsmëttel, besteet, fir eenzegaarteg an onerwaart Bichelcher, Flyeren a Posteren ze kreéieren.
Public cible:
jidderee vun 9 bis 99 Joer
Dauer:
op Ufro
Plaz:
Naturschutzzentrum Ellergronn
(Esch-Uelzecht)
D’Minetter Schof entdecken

Kommt mat eis op d’Sich nom Minetter Schof, wat duerch eist Biosphärereservat wandert an dobäi op verschidde Manéieren d’Natur notzt.
Gitt méi gewuer iwwert d’Rass vum Ardenner Schof an d’Aufgabe vun den Déieren an hirem Hiert.
Public cible:
Schoulklassen aus der Grondschoul
Dauer:
op Ufro tëscht Mee an November
Plaz:
an de Naturschutzzone vun der
Minett UNESCO Biosphere
KONSORTIUM:


