Weiderbildung & Konferenzen
Fliedermais – Kobolde vun der Nuecht
IFEN Formatioun fir Enseignanten aus der Grondschoul
Date(s)
Mamendéieren déi an der Nuecht fléie kënnen? Zu Lëtzebuerg sinn déi 19 Fliedermausaarte kritesch a Gefor. Firwat hu Fliedermais en negative Ruff? Dës lieweg Kreaturen si ganz wichteg Bioindikatoren a sinn en integralen Deel vun eiser Natur.
Den éischten Datum vun dësem Atelier riicht sech un d’C1-C3 Léierpersonal mat Fliedermausaktivitéiten a pedagogesch wäertvolle Spiller. Am zweeten an drëtten Datum erliewe mir e Live-Ausfluch an eng vun de bekanntste Fliedermauskolonien zu Lëtzebuerg.
Modalitéit: Presentiel
Éischten Deel (23.04. vu 14:00-17:00) vun der Formatioun am Ellergronn, zweeten Deel (04.06. vun 20:30-23:00) zu Bech-Maacher.
Information de contact pour cet événement
Internet: https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286825
Organisateur
Minett UNESCO Biosphere, IFEN