Mission Net Zero Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow MiNELL - MINETT NATUR AN ËMWELT LÉIERLAB
quote quote

IFEN Formatiounen

 

Mir bidde reegelméisseg Formatioune fir Enseignantë aus der Grondschoul an dem Secondaire un, déi vum IFEN zertifiéiert sinn.

 

D’Thematike vun dëse Formatioune gi vun nohalteger Bildung bis zu de verschidden Naturwëssenschaften.

 

Fliedermais – Kobolde vun der Nuecht

 





Mamendéieren déi an der Nuecht fléie kënnen? Zu Lëtzebuerg sinn déi 19 Fliedermausaarte kritesch a Gefor. Firwat hu Fliedermais en negative Ruff? Dës lieweg Kreaturen si ganz wichteg Bioindikatoren a sinn en integralen Deel vun eiser Natur.



Den éischten Datum vun dësem Atelier riicht sech un d’C1-C3 Léierpersonal mat Fliedermausaktivitéiten a pedagogesch wäertvolle Spiller. Am zweeten an drëtten Datum erliewe mir e Live-Ausfluch an eng vun de bekanntste Fliedermauskolonien zu Lëtzebuerg. 

Wou:

 

Ellergronn &

Bech-Maacher

 

Wéini:

 

20.02.2024 (14:00-16:00),

04.06.2024 (20:30-23:00)

& 18.06.2024 (20:30-23:00)

 

Fir wien:

 

Enseignanten aus der Grondschoul

(Cycle 1 bis Cycle 3)

Fliedermais – Kobolde vun der Nuecht

 

Mamendéieren déi an der Nuecht fléie kënnen? Zu Lëtzebuerg sinn déi 19 Fliedermausaarte kritesch a Gefor. Firwat hu Fliedermais en negative Ruff? Dës lieweg Kreaturen si ganz wichteg Bioindikatoren a sinn en integralen Deel vun eiser Natur.



Den éischte Rendezvous riicht sech un d’Léierpersonal vum C4 an dem Lycée, wou d’Thema mat techneschen a wëssenschaftlechen Hëllefsmëttel op eng altersgerecht Manéier presentéiert gëtt. Zousätzlech gi praktesch Aarbecht/Übunge gepréift, déi an der Klass benotzt kënne ginn (z.B. Aarbecht mat engem Mikroskop an engem Ultraschalldetektor, Instruktioune fir e Fliedermaushaus ze bauen, asw.).



Am zweeten an drëtten Datum erliewe mir e Live-Ausfluch an eng vun de bekanntste Fliedermauskolonien zu Lëtzebuerg.

Wou:

 

Ellergronn &

Bech-Maacher

 

Wéini:

 

27.02.2024 (14:00-16:00),

04.06.2024 (20:30-23:00)

& 18.06.2024 (20:30-23:00)

 

Fir wien:

 

Enseignanten aus der Grondschoul (Cycle 4)

an aus de Lycéeën

Geodiversitéit um Beispill vun der Minett UNESCO Biosphere

 

Geodiversitéit oder och nach geologesch Diversitéit enthält d’Villfalt vu Fielsen, Mineralien, Fossilien, Buedem, Sedimenter oder Landformen. Déi geologesch Prozesser, duerch déi dës Charakteristiken entstinn a sech änneren, sinn och Deel vun der Geodiversitéit.

 

De geologeschen Ënnergrond, sief et e labberen oder e feste Steen, huet en direkten Impakt op d’Buedembildung an dofir och op déi biologesch Diversitéit. Dat heescht, déi geologesch Diversitéit ass net nëmmen den abiotesche Equivalent vun der Biodiversitéit, mee och d’Basis fir, zum Beispill, d’Liewensmëttelproduktioun, d’Waasserversuergung an d’Energieproduktioun.

 

D’Beispill vun der Minett UNESCO Biosphere illustréiert wat Geodiversitéit ass, wéi divers den Ënnergrond vum Süde vu Lëtzebuerg ass a wéi eng Roll d’Geologie an der ekonomescher Entwécklung vum Land gespillt huet a fir d‘Biodiversitéit vun haut spillt.

 

Wou:

 

Minett Park

Fond-de-Gras

Wéini:

 

25.04.2024

vun 13:30-17:30 Auer

Fir wien:

 

Enseignanten aus de Lycéeën

 

 

Newsletter

Abonnéiert d’Newsletter vum Minett Natur an Ëmwelt LéierLab

Är Mail gëtt just benotzt fir Iech den Newsletter ze schécken
 
an dir kënnt Iech zu all Abléck iwwert en einfachen Link och nees ofmellen.

 

 

KONSORTIUM:

 

 

FINANZÉIERT DUERCH: